top of page
Madeira_Logo.png

WËLLKOMM

Wëllkomm op menger Säit zur Besserung.

Mäin Numm ass Dan Thuy, ech sinn NGH (National Guild of Hypnosis) zertifiéierten Hypnose Therapeut a Mental Coach.

 

Fir unzefänken vläicht eng kuerz Erklärung wat Hypnose an Hypnosetherapie ass.

 

Hypnose ass en Zoustand vu verstäerkt konzentréierter Wahrnehmung, déi de Fokus vum Bewosstsinn op d’Ënnerbewosstsinn verleet, do wou Léisungen an Äntwerte kënne fonnt ginn. 

 

Hypnosetherapie kann ee wéi eng Täscheluucht gesinn, déi Liicht op den Ursprong vu verschidden onugepasste Verhalensmuster, Glawenssätz déi net méi stëmmen an negativ Gespréicher mat sech selwer oder och nach op belaaschtend Emotiounen schéngt.

Si erméiglecht den Zougang zu verstoppten eegenen Ressourcen, déi bei der Heelung hëllefen.

 

D’Weisheet, déi mir an eis hunn mécht eis d’Dieren op zum Potential wat mir an eis droen.

Home
IMG_7259.JPG
Service

BEI WAT KANN HYPNOSE HËLLEFEN?

Mental Blockaden, emotionale Ballast an onugepasste Glaawenssätz

Heiansdo schleefe mir nach Glawenssätz, mental Blockaden oder emotionale Ballast mat eis ronderëm, déi eis dann oft bremsen, am Wee stinn a verhënneren dass mir eis Ziler erreechen. Si kënne eis d'Liewe schwéier maachen oder verhënneren eis beschtméiglech Leeschtung ofzeruffen. Ganz oft sinn sou Blockaden och am Sport en Thema, zum Beispill wa mir eis Trainigseffekter einfach net ofgeruff kréien wann et drop ukënnt. Mental Stäerkt kann eis Liewen allgemeng an och am Sport hëllefen virun ze kommen.

9342401_orig.jpg

Schaffe mam "Ënnerleche Kand"

Wann Erfarungen déi mir als Kand gemaach hunn, net opgeschafft ginn an eist "Ënnerlecht Kand" ignoréiert gëtt, verschaaft et sech Gehéier a manifestéiert seng Bedürfnisser besonnesch a Stresssituatiounen. Mir reagéieren dann net op eng mature Aart a Weis, déi net un déi tatsächlech Situatioun ugepasst ass, mee vläicht zudéifst emotional an impulsiv. Mat Hypnose kann een al Wonnen heelen an onugepasste Glawenssätz opléisen fir eng ausgeglache a friddlech Relatioun mat sengem Ënnerleche Kand ze féieren.

IMG_20240118_0001.jpg

Kanner a Jugendlecher

Wa Kanner a Jugendlecher ënnert engem mangelnde Selbstwäertgefill an feelendem Selbstvertraue leiden, Ängschten, Phobien oder soss negativ Emotiounen hinnen d’Liewe schwéier maachen, kann ee mat Hypnose/Visualisatioun och eng Besserung fannen. Och bei schoulesche Problemer, Prüfungsängschten, Schwieregkeete mat der Konzentratioun oder der Motivatioun schaffen ech do mat der Visualisatiounsmethod vu MindTV.

Happy Kids 3.jpg

Suchtverhalen (z.B. Ophale mat Fëmmen)

Du wëlls endlech a fir ëmmer lass kommen vun den Zigaretten, dem Alkohol oder soss enger Substanz an däi Liewen nees gesond a fräi vun der Sucht liewen? Am Ënnerbewosstsinn fënnt een déi meescht Grënn an Ursachen fir e Suchtverhalen an och d’Verlangen get oft äus dem Ënnerbewosstsinn gesteiert. D’Hypnose erlabt eis den Accès zu dem Ënnerbewosstsinn a kann dech dobäi ënnerstëtzen, d'Ketten vum Suchtverhalen ze sprengen.

Quit smoking 3.jpeg

Schwieregkeete mam Schlofen

Och wann de Schlof a Schlofstéierungen e komplext Thema sinn, kann Hypnose en Deel zur Besserung bäidroen andeems méiglech Ursaachen am Ënnerbewosstsinn kënne fonnt a behuewe ginn fir esou zu engem verbesserte Schlofverhalen ze féieren.

_DSC5251-Edit-2.jpg

Vill weider Bräicher:

- Paartherapie - Selbstwäertgefill a Selbstvertrauen - Ënnerstëtzen beim Ofhuelen - Entspaanungshypnose - Ängschten a Phobien - Depressiounen a Burnout - Trennung iwwerwannen - Tinnitus - a villem méi...

F823B3B4-07BB-4776-B2DE-39ABEB9ED242_1_105_c.jpg

PRÄISSER

VIRGESPRÉICH

140 € pro Stonn (60 Minutten), duerno verrechnen ech all 15 Minutten. D'Virgespréich dauert an der Reegel 1 bis 1,5 Stonn

  HYPNOSE-SESSIOUN    

140 € pro Stonn (60 Minutten), duerno verrechnen ech all 15 Minutten. D'Hypnose-Sessioun dauert an der Reegel 1 bis 1,5 Stonn

Ocean

RÉCKMELDUNGEN

E Merci wor fir mech nach net mat souvill Emotiounen verbonnen wéi dest keier.
MERCI Dan datts du mir mat denger Hypnose mee och mat denger immens menschlescher Art souvill gehollef hues.
Main Fouss Wéi huet mech zreck gehaalen d’Liewen richteg ze genéissen, d‘Peng wor main konstante Begleeder. 
Als Sportler ass daat eng haard Noss net méi där Leidenschaft nogoen ze kennen  déi engem alles bedéit. 
Seitdem mir ugefaangen hun geet et mir vill besser an ech spieren do ass nach villes méiglech. Meng Gedanken kreesen net mei permanent em main Fouss an ech hun nees eng gewessen Liewensfreed zereck déi op der Streck léien bliwwen wor.
Ech kann nemme jiddereen ermutegen d‘Hypnose ze probéiren. Et ass keng Zauberei. Wann een eppes an sengem Liewen ännere well, muss een de Wee selwer goen. Duerch d‘Hypnose geet et awer vill mei liicht.

N.S.

"Léiwen Dan, ech sinn immens frou, dass ech mech op d'Aventure vun der Hypnos agelooss hunn. Deene Leit, di zécken, kann ech nëmme soën, dass et net deen Hokus-Pokus ass, fir deen et oft gehal gëtt. Mir fir mäin Deel huet et gehollef, mi befreit a positiv u Verschiddenes erunzegoen, an en anere Bléckwénkel ze kréien. Maueren, di mer am Wee stoungen, sinn zu mi klenge Koppe ginn, op déi ech mech trauen eropzeklammen. Ech denken, dass ech nach weider Verbesserungen duerch d'Hypnos wäert kënne erliewen, di éischt war ganz positiv an ech si fest dovunner iwwerzeegt, dass nach Potenzial ka fräigeluecht ginn. Merci dir 🙏"

K.S.

"Ech hun selten e Mënsch/Therapeut/Spezialist gesin, deen esou 100% séngem Optrëtt um Internet entsprëcht. Du bass d'Definitioun vun authentësch. Bravo!

Du hues en Don fier mat Kanner ze schaffen, dat taascht e Blannen mam Bengel. Gudd, dass Du dech selbstänneg gemaach hues, ier däin Idealismus vun Verzweiflung d'Bréck erofgesprongen wier."

C.M.

“Ech muss awer soen, dass ech déi läscht Wochen ganz entspaant war a sinn, an dass ech ganz kloer mierken, dass déi Hypnose eppes bei mir geännert 

a bewierkt huet. 

An doriwwer sinn ech extrem frou a glécklech.”

L.G.

“Hallo Dan, 

Ech wollt mech dann elo emol no mengem läschten Rendez-Vous virun 2 Wochen bei dir mellen. 😊

Ech hat eng wonnerschéin Vakanz... an et huet gutt gedoën mech net esou  vill mei op mein Mo ze konzentréieren, ech hunn den trigger puer mol missten asetzen an et klappt gutt mat den Wolleken dei weiderzeien 😊

Opallefall sinn ech frou dass ech bei dir war.

Du mess eng wonnerbar Aarbecht! 🤗 

mach weider esou!”

A.F.

BG_Home.png
News

NEIEGKEETEN

Simpson Protocol

De Simpson Protocol ass eng hypnotesch Technik, déi Zougang zu besonnesch déiwen Niveauen vum Ënnerbewosstsinn fir do Heelung a Léise vu Problemer ze erméiglechen ouni onbedéngt mussen iwwert déi Themen ze schwätzen oder Situatiounen nach eng Kéier ze erliewen.

Hypnotescht Magenband

Hues du Loscht deng Wonschfigur ouni Diäten a mat der Ënnerstëtzung vun engem Virtuelle Magenband ze erreechen?

Dann zéck net a kontatkéier mech fir däin éischte Rendez-Vous.

DSC04541.jpg

WIEN ECH SINN 

Mäin Numm ass Dan Thuy.

Nodeems ech 24 Joer laang als Schoulmeeschter geschafft hunn, war et 2023 un der Zäit fir en neit berufflecht Kapitel opzeschloen. 

Ech hunn eng Ausbildung zum NGH zertifiéierten Hpynosetherapeut  gemaach an dunn nach eng ganz Rei Weiderbildungen a verschiddenen Themeberäicher. 

Meng Erfarung als Enseignant a meng Formatioun als Visualisatiounscoach an der Method MindTV sinn eng optimal Viraussetzung fir mat Kanner a Jugendlechen ze schaffen. 

Meng Erfarungen als Laangstreckeleefer a meng Ausbildung an der Sportshypnose erlabe mir och am sportleche Beräich ze wëssen op wat et um mentale Plang ukënnt fir seng Ziler ze erreechen.  

An engem Kader vun absolutter Confidentialitéit, géigesäitegem Respekt an ouni jegleche Jugement mee mat der néideger Empathie, géif ech mech freeën wann ech och dir kéint hëllefen déi Léisungen an Äntwerten ze fannen déi's du schonn an dir dréis fir däi beschtméiglecht Liewe kënne ze féieren.

This is me, Dan Thuy, hypnotherapist and mental coach
About
Contact
bottom of page